Wéi s du dech op der Startsäit zerechtfënns
Wat op der Startsäit steet, um Computer an um Handy, an déi kleng Saachen, déi se méi séier maachen.
Op ee Bléck
- 1D'Sichfeld. Wärend s du tipps, weist den Tableau just nach d'Linken, déi passen. Dréck op Sichen, fir amplaz am Internet no de Wierder ze sichen.
- 2De Menü niewent dem Sichfeld (⋮): all Kategorien zou- an nees opklappen, all Kategorien op zwee Linken an enger Rei setzen, tëscht hell an däischter wiesselen, a wielen, ob d'Linken an engem neien Tab opginn - kuck Design, Sprooch a Linken.
- 3Zulescht benotzt: d'Linken, déi s du viru Kuerzem opgemaach hues - déi, déi s du am meeschte benotz, stinn uewen.
- 4Meng Linken: e Block fir deng eegen Adressen - kuck Deng eege Startsäit.
- 5Eng Kategorie. Klick op hiren Titel, fir se zouzeklappen; d'Säit mierkt sech, wat s du zougeklappt hues. D'Knäppchen niewent hirem Numm setzt just dës Kategorie op zwee Linken an enger Rei, oder nees zeréck - egal wat de Rescht vum Tableau mécht.
- 6Déi véiert Kolonn: Noriichten, d'Auer, d'Wieder, Haut zu Lëtzebuerg, de Verkéier an d'Themesäiten.
- 7Den Design: Faarf, Schrëft a Form - kuck Design, Sprooch a Linken.
- 8D'Sprooch, an där d'Säit geschriwwen ass.
D'Linken
D'Linke sinn a Kategorien opgedeelt, an d'Kategorie sinn op dräi Kolonne verdeelt. Eng Kategorie bleift op hirer Plaz: wat s du och opmaachs, zouklapps oder bäisetz, si kënnt net an eng aner Kolonn.
- D'Linken, déi s du am dackste benotz, klamme mat der Zäit an hirer Kategorie no uewen; a wat s du e Link méi dacks opmaachs, wat méi kräfteg dat klengt Feld mat sengem Ufanksbuschtaf gemoolt gëtt.
- Zulescht benotzt an d'Reiefolleg an enger Kategorie rechent dëse Browser selwer aus, aus Notizen, déi en eleng behält. D'Cookie-Säit seet genee, wat dran steet, an do kanns du se ausschalten.
- E Link, op deem Gesponsert steet, huet en Annonceur gebucht. Hie steet um Enn vu senger Kategorie an dréit den Numm vum Annonceur.
- Mat der Tastatur maachen Alt+1 bis Alt+9 déi éischt néng Linken um Tableau op, an Alt+0 den zéngten. Hal Alt eleng gedréckt, a jidderee vun hinne weist seng Nummer.
Déi véiert Kolonn
- Noriichten: déi neiste Schlagzeilen. E Klick mécht den Artikel do op, wou e verëffentlecht gouf.
- Wieder: d'Wieder fir eng Uertschaft, a fir vill Uertschaften e Link op eng méi laang Previsioun. Membere wielen d'Uertschaft selwer.
- Haut zu Lëtzebuerg: d'Fakte vum Dag aus ëffentlechen Donnéeën - d'Apdikten am Déngscht, d'Spritpräisser, Zuch an Tram, d'Loftqualitéit an d'Pollen, an déi nächst Feierdeeg a Schoulvakanzen. All Deel seet, wou en hierkënnt.
- Verkéier: Stéierungen op de Stroossen, grad elo.
- Themesäiten: e puer vun de Säite mat Linken zu engem Thema, an de Wee bei all déi aner - kuck Themesäiten.
Wat d'Kolonn dréit, entscheet start.lu. Mat engem Kont kanns du d'Deeler verstoppen, déi s du net brauchs.
Um Handy
Um Handy ass d'Startsäit dee selwechten Tableau, eng Kolonn no der anerer.
- 1D'Taben. All Tab ass eng Kolonn vum Tableau. Tipp op en Tab oder wësch op d'Säit; d'Zuel seet, wéi vill Kategorien nach an där Kolonn sinn.
- 2De leschten Tab huet déi véiert Kolonn: Noriichten, Wieder, Haut zu Lëtzebuerg an de Rescht.
- 3D'Kategorien vum Tab, deen op ass. Tipp op eng, fir direkt dohinner ze sprangen.
D'Säit mierkt sech, op wéi engem Tab s du fir d'lescht waars, a fänkt déi nächste Kéier do un. Hues du um Handy léiwer d'Versioun vum Computer, da wiesselt Desktop-Versioun ënnen op all Säit dohinner, an Handy-Versioun nees zeréck.