Maach d'Startsäit zu denger eegener
Wats du ouni Kont ännere kanns, wat e Kont dobäi bréngt, a wéi s du d'Startsäit esou arrangéiers, wéi s du se wëlls.
Mat oder ouni Kont
Ouni Kont gesäis du d'Startsäit, mat där jiddereen ufänkt. Du kanns awer Kategorien zouklappen, eegen Adressen an Meng Linken halen, an den Design an d'Sprooch wielen - dat alles bleift an dësem Browser, op dësem Apparat.
Mat engem Kont gëtt d'Startsäit deng eege Kopie. Du änners hir Kategorien a Linken, wiels d'Uertschaft fir d'Wieder a verstopps, wats du net brauchs - an op all Apparat, op deem s du dech umells, ass se déiselwecht. Déi éischte Kéier steet iwwer dem Tableau e Wëllkomm, deen der de Wee bei all dat weist; Alles kloer mécht en zou, an alles dovu fënns du ënner Upassen uewen an der Leescht.
Upassen
Upassen uewen an der Leescht mécht eng Säit mat engem Tab fir all Deel op: Kolonnen, Meng Linken, Wieder, Widgeten, Design a Kont.
Op Kolonnen ass all Kategorie vun denger Startsäit eng eege Kolonn, an der Reiefolleg vum Tableau:
- gëff hir en aneren Numm oder eng aner Ikon - e Buschtaf oder en Emoji - an dréck op Ëmbenennen;
- réckel se mat de Feiler no lénks oder no riets, oder läsch se mat hire Linken;
- réckel e Link no uewen oder no ënnen, verstopp en, ouni en ewechzehuelen, änner en mam Bläistëft oder huel en mam Kräiz ewech;
- setz e Link an eng Kolonn, oder eng ganz nei Kolonn um Enn vun der Säit.
Wanns du e Link änners, gëss du him en Numm, eng Adress, eng kuerz Notiz an eng Ikon, a wiels, wou e gewise gëtt:
um Computer, um Handy oder op béiden. Et geet duer, rtl.lu ze tippen; d'https:// gëtt fir
dech dobäigesat.
Linken, bei deenen e Schlass steet, komme vu start.lu. Si stinn op all Startsäit a kënnen net geännert, geréckelt oder ewechgeholl ginn. D'Säit seet, wéi vill et der sinn.
Meng Linken
Meng Linken ass de Block uewen an der zweeter Kolonn, fir Adressen, déi just dir gehéieren. Klick op de Bläistëft niewent sengem Numm: tipp eng Adress, gëff hir en Numm, wanns du wëlls, an dréck op Derbäisetzen. D'Feiler réckelen e Link, de Bläistëft ännert en, d'Kräiz hëlt en ewech, a Fäerdeg mécht de Block nees zou.
Ouni Kont bleiwen d'Linken an dësem Browser. Déi éischte Kéier, wou s du dech umells, komme se an däi Kont - esou vill, wéi de Block hält - a vun do u komme se mat op all deng Apparater.
De Block hält eng begrenzt Zuel vu Linken, a seet et, wann e voll ass.
Wieder a Widgeten
- Op Wieder sichs du no enger Uertschaft a wiels se: d'Wieder an der véierter Kolonn ass dann dat vun där Uertschaft.
- Op Widgeten schalts du Deeler vun der Startsäit un oder aus: d'Wieder, de Verkéier, d'Sichfeld fir den Internet, de Block Meng Linken an Haut zu Lëtzebuerg. Wat start.lu fir jiddereen ausgeschalt huet, gëtt net ugebueden.
Wann d'Standard-Startsäit sech ännert
Deng Startsäit ass eng Kopie, mee se follegt weider där, mat där jiddereen ufänkt:
- eng Kategorie oder e Link, déi do bäikommen, kommen eleng op deng - eng Kategorie op d'Plaz, déi se do huet, e Link um Enn vu senger Kategorie;
- wats du selwer geläscht hues, kriss du ni erëm;
- e Link, deen do ewechgeholl gëtt, verschwënnt och vun denger Startsäit - ausser du hues en an de leschte 14 Deeg an dësem Browser opgemaach: da bleift en, als däin eegene Link. E Link, deem s du d'Adress geännert hues, ass däin, a bleift.
Nei ufänken
Um Tab Kont ersetzt Op de Standard zerécksetzen deng Startsäit duerch déi, mat där jiddereen ufänkt. Wats du an de Kolonne bäigesat oder geännert hues, geet verluer; Meng Linken bleift, wéi e war.